Se rendre au contenu

MATbestëmmen, MATschwätzen, MATgestalten - Grondlage fir Bedeelegung am SEA



Inhalt

Bedeelegung vu Kanner ass e Grondrecht a gläichzäiteg e wichtege Bestanddeel vun enger qualitativer pädagogescher Praxis - souwuel an der Crèche wéi och an der Maison Relais. Kanner hunn d'Recht, hir Meenungen, Iddien a Besoinen auszedrécken an den Alldag, deen si betrëfft, matzegestalten. Mee wéi genau kann dat an der Praxis ausgesinn ?

Dës Basisformatioun bitt eng Aféierung an déi zentral Grondlage vun Kannerbedeelegung. D'Participante setzen sech wärend dem eischten Dag mat de rechtlechen an pädagogesche Fundamenter auserneen a reflektéieren, wat Bedeelegung fir Kanner vu verschidden Altersgruppen bedeit. Dobäi gëtt besonnesch berécksiichtegt, dass Kanner sech jee no Alter, Entwécklungsstand a Kommunikatiounsméiglechkeeten op ënnerschiddlech Aart a Weis ausdrécken a bedeelegen. 

Wärend dem zweeten Dag gëtt ee Bléck op den Alldag an de Betreiungsstrukture geluecht: Wou entstinn Geleeënheete fir Mat- a Selbstbestëmmung? Wéi kann d'pädagogescht Fachpersonal Kanner am DIalog begleeden an hir Perspektive sichtbar maachen? Nieft de ville Méiglechkeeten am Alldag ginn och verschidde strukturell Forme vu Partizipatioun virgestallt an diskutéiert. 


Dës Formatioun ass äre Starter-Pack, fir Kannerparticipatioun an är Struktur ze integréieren !

Ziler

  • déi wichtegst Grondbegrëffer am Zesummenhang mat Bedeelegung a Partizipatioun ze kennen
  • de rechtleche Kader an d'Kannerrechter am Beräich vun der Bedeelegung ze verstoen
  • d'Bedeitung vu Bedeelegung fir d'Entwécklung, d'Wuelbefannen an d'Selbstwierksamkeet vu Kanner begräifen
  • Situatiounen am Alldag vun der Crèche an an der Maison Relais ze erkennen, déi Mat- a Selbstbestëmmung erlaben
  • Kommunikatiounsformen ze entdecken, déi d'Bedeelegung vu Kanner ënnerstëtzen
  • verschidde Forme vu struktureller Partizipatioun ze kennen
  • Impulser ze kréien, fir Bedeelegung an der eegener Praxis ze stäerken

Methoden

  • fachlech an theoreteschen Input
  • Reflexiounsübungen
  • Fallbeispiller aus der Crèche an der Maison Relais 
  • Gruppenaarbechten an Diskussiounen;

Information complémentaire

Formateur : Jessica Gloden


Sessions and planning

  • 04/05/2027
  • Petite Enfance 0-4 ans
  • Enfants Scolarisés 4-12 ans
  • Luxembourgish
  • OFR/1156