D'Fërderung vun der Sprooch am Alldag duerch Spill a Beweegung
Contenus
D'Sprooch ass wesentlech fir mat der Welt ze interagéieren a steet an engem direkten Zesummenhang mat der non-verbaler Kommunikatioun.
Well alles Kommunikatioun ass, an dëst "Alles" sech duerch d'Interaktioun mat der Ëmwelt entwéckelt, muss d'Sproochentwécklung bewosst a strategesch ënnerstëtzt ginn, zum Beispill andeems héichwäerteg Interaktioune gefërdert ginn oder an engem Ëmfeld, dat d'Schwätzen encouragéiert.
Well de Kierper e wesentleche Bestanddeel vun der non-verbaler Kommunikatioun ass an Interaktiounen duerch géigesäiteg Austauschen a Handlungen tëscht zwee oder méi Objeten oder Mënschen charakteriséiert sinn, gi mir dovun aus, datt Beweegung e "Facilitateur" fir den Zougang zur Sprooch ass.
Zougang zur Sprooch am Sënn fir kennen mat der Welt ze kommunizéieren, entweder verbal oder non-verbal. Dës Strategie, déi d'Interaktioun fërdert, erméiglecht et Wierder anzeféieren, Objeten an hir Nimm mat hiren Bezeechnungen an den ënnerschiddlechen Sproochen ze verbannen, sproochlech Automatismen ze stäerken an duerch den Austausch, Unerkennung vun den Familljesproochen ze fërderen.
Wéi kënne mir beweegungsbaséiert Aktivitéiten mat der Sproochentwécklung verbannen? Wéi kënne mir matt aktive Spiller d‘Sprooch ënnerstëtzen, andeems Schlësselwierder, verbal Widderhuelunge vum Pädagoge benotzt ginn an d'Familljesproochen berücksichtegt ginn? Wéi kënne mir als Erzéiungspersonal Sproochmechanismen (an de Multilinguismus) op eng respektvoll Manéier am Alldag duerch Beweegung fërderen andeems mer eis Ëmwelt als Instrument notzen?
Dës Ausbildung ergänzt d'Bäiträg vum Nationalen Referenzkader fir non-formal Bildung, andeems si konkret Ëmsetzungsméiglechkeeten, Iddien an Alternativen ugepasst un den Alter vun de Kanner ubitt, fir se op eng dem Zilpublikum ugemiessener Manéier an de Alldag ze integréieren.
„Mir léiere d‘Sprooch duerch d‘Sprooch, duerch aktiivt Handelen an Erliewen.“ - Jerome Bruner
Méthodes
- Theoreteschen Input + Diskussioun
- Praktesch Ëmsetzung
- Dynameschen Austausch vun Erfarungen
- Zesummebrénge vun enger Diversitéit vun Iddie fir Aktivitéiten a Projeten
Objectives
- Entdeckt de Zesummenhang tëscht dem Kierper an de Sproochmechanismen.
- Léiert praktesch Iddien kennen, fir Kanner duerch Beweegung an hirer Sproochentwécklung (inklusiv méisproocheg Entwécklung) ze ënnerstëtzen.
- Gitt Iech Ärer eegener Roll am Sproochentwécklungsprozess vum Kand bewosst.
- Passt Är Begleedung un d'Bedierfnesser vun de Kanner un.
Formatrice: Nadine FRISING
Sessions and planning
-
29/09/2026 02:30:00 - Duration: 8H - à définir