⚠️ Attention : Merci de vous rendre dorénavant sur plattform.public.lu pour inscrire vos collaborateurs ENF et AEF aux formations.

Staark sinn, staark bleiwen - Resilienz am Aarbechtsalldag



Inhalt

D'Formatioun "Staark sinn, staark bleiwen" invitéiert Fachleit aus Erzéiung, Sozialaarbescht an Enseignement, sech op eng Rees vun der verkierperter Selbstwahrnehmung anzelooossen. Sie bitt ee Raum fir bewosst ze spieren, wéi Kierper, Emotiounen an Gedanken zesummenspillen, an wéi dës Verbindung d'Handlungsfäegkeet, Resilienz an d'Wuelbefannen am Alldag beaflosst.

D'Participanten léieren, wéi sie mat Hëllef vu somatesche Methoden an neuro-psychologeschem Wëssen hir eege Ressourcen aktivéiren kënnen, gesond Grenzen zéien an eng nohalteg Balance tëscht Engagement a Selbstfürsorge fannen.

Objectiver

  • D'Fäegkeet entwéckelen, kierperlech an emotional Signaler ze spieren an ze verstoen
  • D'Bewosstsinn iwwer eege Glawenssätz a Verhalensmuster gewannen, déi zu Stress oder Iwwerfuerderung féiere kënnen.
  • Gesond Grenzen setzen an halen - am Kontakt mat anere Mënschen a sech selwer
  • Selbstfürsorge als professionell a perséinlech Verantwortung verstoen an ëmsetzen
  • Resilienz stäerken an Handlungsfäegkeet erhale, och an usprochsvollen Aarbechtssituatiounen
  • Eng Work-Life-Balance fannen, déi Gesondheet, Freed an Nohaltegkeet fërdert.

Méthoden

D'Formatioun ass interaktiv an erfahrungsorientéiert opgebaut. Sie kombinéiert:

  • Somatesch Übungen (z.b. Bewosstsins- a Atmungsübungen, "Soma-Check-in") fir d'Verbindung mam eegene Kierper ze stäerken
  • Reflexioun a Partner- Gruppenaustausch, fir Erfahrungen ze deelen an ze verdéiwen
  • Theoretesch Inputen aus der Neuropsychologie, Bindungs- a Traumaforschung als wëssenschaftlech Basis
  • Selbstreflexioun a Journaling, fir d'Erkenntnisser an den eegene Liewens- an Aarbechtskontext ze integréiren

Formatrice Tessy BECKENE

Si vous souhaitez en savoir plus sur notre formatrice, cliquez sur le lien ci-dessous:  

https://www.formation.cjf.lu/tessy-beckene-4


Sessions and planning

  • Complet
  • Petite Enfance 0-4 ans
  • Jeunesse 12+ ans
  • Enfants Scolarisés 4-12 ans
  • Luxembourgeois / Lëtzebuergesch
  • ENF26-CJF-433