⚠️ Attention : Merci de vous rendre dorénavant sur plattform.public.lu pour inscrire vos collaborateurs ENF et AEF aux formations.

Raus aus dem Kapp – Yoga fir Kanner



Contenus

D’Kand ass vun Natur aus a Beweegung a bréngt eng grouss Energie mat. Duerch d’Yoga-Praxis gëtt et a senger kierperlecher, emotionaler a mentaler Entwécklung ënnerstëtzt. Dës Formatioun vermëttelt pädagogesch Grondlagen an praktesch Methoden, fir Yoga gezielt am Alldag mat Kanner anzebannen an dobäi Konzentratioun, Kreativitéit, Wuelbefannen an autonoomt Handelen ze fërderen.

Objectives

  • déi eege Roll a Haltung als pädagogesch Fachkraaft reflektéieren an stäerken
  • d'Konzentratiouns- an Opmierksamkeetsfäegkeete vum Kand duerch Bewegung fërderen
  • d'Bedeitung vu Fräiheet an Autonomie am Erzéiungsprozess verstoen
  • Erwaardungen un d'Entwécklungsphas an den Alter vum Kand upassen
  • Vertrauen an déi eege Kompetenzen an d'Fäegkeete vum Kand entwéckelen
  • eng respektvoll a bewosst Haltung vis-à-vis vum Kand anhuelen
  • Yoga-Positiounen (Asanas) spilleresch entdecken an uwenden
  • verschidde Yoga-Übunge flexibel un d'Situatioun an un d'Bedierfnesser vun de Kanner upassen
  • eng perséinlech pädagogesch "Toolbox" fir den Alldag opbauen
  • Ziler vun enger Yoga-Sequenz definéieren
  • eng Aktivitéit bzw. Sequenz strukturéiert plangen an ëmsetzen

Méthodes

Yoga Übungen

Didaktesch theoreteschen Support

Informativ Sequenzen

Information complémentaire

  • Leggins
  • T-shirt
  • Eng Decken
  • Eng Yogamatt
  • Eng Fläsch Wasser

Formatrice/Coach: Tammy REICHLING


Qualifications:

- 2007 Diplom-Pädagogik Universität zu Köln mit Schwerpunkt Sozialpädagogik und Beratungsmethode,

- 2006 Bühnenreife-Diplom für Schauspiel, Theaterakademie Köln,

- 1999 Diplom Erzieherin, IEES (Institut d’ Etudes Educatives et Sociales).

- 2019-2022 Künstlerisch- Systemische Therapie (KST), Akademie der kulturellen Bildung Remscheid,

- 2019-2021 Demokratische Führung, act e.V. Berlin, Maike Plath 2019-20 Biografisch-dokumentarisches Theater, Regie und Dramaturgie, UDK Berlin Career College,

- 2019-2020 Kinderyoga Ausbildung, Yoga Vidya e.V.

- 2017-2019 Systemische Theaterpädagogik, Akademie der kulturellen Bildung Remscheid.



Sessions and planning

  • 21.11.2026
  • Frühe Kindheit 0-4
  • Schulkind 4-12
  • Luxembourgeois / Lëtzebuergesch
  • OFR/911