Mir ginn an de Bësch
Inhalt
A wat, wann Aktivitéiten an der Natur e festen Deel vum edukativen Alldag géifen ausmaachen - zu all Joerzäit?
Dës Formatioun iwwer 1,5 Deeg fënnt an der Natur statt a ënnerstetzt Fachleit aus Crèchen a Maisons Relais bei der Transitioun zu enger fräier, naturnaher Pädagogik, am enke Bezuch op d'Entwécklung vum Kand an op déi pedagogesch Ziler.
Schrëtt fir Schrëtt erliewen d'Participanten:
- hir perséinlech Bezéiung zur NAtur an doriwwer hir Motivatiounen a Bedenken
- eng spezifesch pädagogesch Haltung dobaussen, déi op Beobachtung a Vertraue opgebaut ass
- d'Ëmgoe mat Risiken a mat Hygiène am Fräien
- d'positiv Auswierkungen vun Drausse sinn op motoresch, sensoresch, emotional a kognitiv Entwécklung
- wéi Kréativitéit duerch natierlech Materlialen erwächt ka ginn
- wéi een pädagogesch ZIler a passend Naturaktivitéiten ëmsetze kann, oder ëmgekéiert, wéi ee gesammelten Erfahrungen am Kader vum Nationale Referenzkader ka valoriséieren
Eng konkret, praktesch a lieweg Formatioun, fir d'Natur nohalteg an d'pädagogesch Aarbecht anzebannen.
Ziler
D'Motivatioun an d'Haltung vun de Fachleit stäerke, fir d'NAtur lieweg an hir Alldagspraktiken anzebannen
- Perséinlech a kollektiv am Zesummenhang mat Aktivitéiten am Fräien erkennen an iwwerwannen
- D'Wierkungvum Naturkontakt op d'ganzheetlech Entwécklung vum Kand verstoen
- Aktivitéiten entwéckelen, déi mat de pädagogesche Richtlinne vun der non-formeller Bildung iwwereneestëmmen
- Sécher, kreativ an direkt uwendbar Aktivitéiten dobaussen ausschaffen an ëmsetzen
Methoden
- Praktesch Übungen
- Erfahrungsaustausch an Diskussiounen am Grupp oder zu zwee
- Participativ Observatioun a pädagogesch Dokumentatioun
- Eng immersiv an interaktiv Approche, déi um Terrain verankert ass
"Mir kënnen nëmme gutt vermëttelen, wat mir selwer déif erliewt hunn." Jaques Salomé
Formatrice Isabel VAN DE VOORDE
Si vous souhaitez en savoir plus sur notre formatrice, cliquez sur le lien ci-dessous:
Sessions and planning
-
02.10.2025 02:15:00 - Duration: 7H - à définir
-
03.10.2025 02:15:00 - Duration: 3H - à définir