Zum Inhalt springen

Fuersécherheetstraining fir Minibus a Camionnette



Inhalt

Dës Formatioun riicht sech u Betreiungspersonal, dat léiere wëll, e Minibus oder eng Camionnette sécher ze fueren, fir Ausflich mat Kanner ze organiséieren. 

De Cours gëtt vum Centre de Formation pour Conducteurs ugebueden, dee wesentlech zur Verkéierssécherheet, zum Ëmweltschutz an zu enger wirtschaftlecher Fuerweis bäidroe wëll.

Fir d'Formatioun muss de Participant oder säi Vertrieder d'Camionnette vun der concernéierter Struktur matbréngen.

Ziler

  • Verantwortlech an defensiv Chaufferen ausbilden
  • Léieren, Geforen ze antizipéieren
  • D'Grenze vum Gefier an d'Auswierkunge vun de Wiederbedingunge verstoen
  • Eng ekologesch an ekonomesch Fuerweis entwéckelen
  • D'Verkéierssécherheet verbesseren andeems schwéier a fatale Accidenter esou wäit wéi méiglech reduzéiert ginn
  • Sensibiliséiere fir d'Konsequenze vun enger inadaptéierter Fuerweis


Den CFC leet Wäert op : 

  • d'Bewosstsinn, 
  • d'Antizipéieren,
  • d'Verstoe vun de Grenze vum Gefier an dem Chauffeur, an
  • d'Upassung vum Verhalen.
  • d'Kompetenzen vum Chauffeur opbauen gin an allen Hinsichten fir den Secherheetsaspekt
  • Erweiderung vun den Selbstkenntnins vum Chauffeur

Methoden

  • En Iwwerbléck iwwer Sécherheets-Theorien a Reglementer
  • Gruppendiskussiounen
  • Praktesch Übunge

Zousätzlech Informatiounen

  • All Participant muss seng eegen Camionette oder Minibus vu senger Institutioun op d'Formatioun kommen. 
    Et ass ee Gefier (Camionnette / Minibus) fir maximalzwee Participanten néideg...
  • Et as obligatoresch, datt d'Participanten d'Sprooch vun der Formatioun, fir déi si ageschriwwe sinn, verstinn a schwätzen.
  • Et ass streng verbueden mat engem private Gefier op d'Formatioun ze kommen. 
  • Déi benotzte Gefierer mussen zougelooss sinn, fir um ëffentleche Stroosseverkéier deelzehuelen. Si mussen dofir iwwer eng gülteg Aschreiwungskaart, e gültege Zertifikat vun der teschnecher Kontroll an eng gülteg Steiervignette verfügen.


Formateur : CFC


Sessions and planning

  • 24.04.2027 +3 dates disponibles
  • Frühe Kindheit 0-4
  • Jugendclub 12+
  • Schulkind 4-12
  • Luxembourgish
  • OFR/1055