⚠️ Attention : Merci de vous rendre dorénavant sur plattform.public.lu pour inscrire vos collaborateurs ENF et AEF aux formations.

Emotiounen, Regulatioun an Teamleedung: Wouerhuelen, erkennen, benennen a reguléieren



Contenus

An de professionelle Beräicher vun der Kanner- a Jugendaarbecht ass eis Fähegkeet, anerer ze ënnerstëtzen, direkt verbonnen mat eisem eegene emotionalen Wuelbefannen. Bevir mir kënne Kanner, Jugendlecher oder eis Teams duerch hir emotional Landschaft begleeden, musse mer léieren, eis eegen ze navigéieren.

"Emotiounen, Regulatioun an Teamleedung" ass eng intensiv 14-Stonne Formatioun, déi fir Professionneller an der Féierung entwéckelt gouf. Dëse Workshop geet iwwer Theorie eraus an offeréiert eng Mëschung aus Psychologesche Konzepter, Neurowessenschaften, somateschen Techniken, an reflektéierend Gruppaarbecht. Mir wäerten e sécheren a kollaborativen Raum kreéieren fir d'Fundamenter vun der emotionaler Regulatioun ze erliewen, ugefang mat dem wichtegsten Element: dir selwer.

Dir wäert e méi déift Verständnis vun Äre perséinlechen emotionalen Muster kréien, léieren d'subtil Signaler vun Ärem Nervensystem ze erkennen, an konkret Techniken üben fir Emotiounen op eng gesond, konstruktiv Manéier ze verschaffen an auszedrécken. Mir wäerten d'Neurowessenschaft hannert "grousse Gefiller" an d'Roll vun der Ko-Regulatioun erfuerschen, déi d'Basis vun engem ënnerstëtzenden Ëmfeld bild.

Am Dag 2 wäerte mir déi perséinlecher Erkenntnis mat der professioneller Praxis verbannen. Mir gesinn wéi ee sai Selbstbewosstsinn an eng effektiv Teamleedung ëmsetzen an eng Teamkultur schafe kann, wou emotional Intelligenz geschat an praktizéiert gëtt. Mir wäerten Iech mat praktesche Kaderen an Kommunikatiounsstrategien equipéieren, fir Äert Personal ze verstoen an z´ënnerstëtzen, schwiereg Situatiounen méi einfach ze managen, an e méi resilient an emotional ofgestemmt Ëmfeld ze schaafen fir d´Mataarbechter an als Folleg och d'Kanner an d'Jugendlech, déi Dir ënnerstëtzt



Objectives

  • Selbstbewosstsin entwéckelen: Participantë léieren, hir eegen Emotiounen an emotionaler Reaktioun besser ze verstoen an ze regléieren, also sech selwer bewosst ze ginn.
  • Emotional Intelligenz stäerken: Fäegkeeten entwéckelen, fir Emotiounen bei sech selwer a bei aneren an der Aarbecht ze erkennen an ze managen.
  • Praktesch Techniken applizéieren: Participanten wäerte konkrete Strategien an Techniken erléieren, fir Emotiounen sécher ze verschaffen an auszedrécken.
  • Ko-Regulatioun förderen: Léieren, wéi een als Leader en Ëmfeld schafen kann, dat emotional Sécherheet a Wuelbefannen fir d’Team a Kanner fördert.
  • Teamkultur verbesseren: Strategien entwéckelen, fir eng emotional intelligent Teamkultur ze kreéieren, déi d’Zesummenaarbecht an d’Wuelbefannen fördert.
  • Konfliktmanagement stäerken: Fäegkeeten ausbauen, fir schwiereg Gespréicher a Konflikter mat Empathie an emotionalem Bewosstsinn auszedroen.

Méthodes

  • Theoretesch Input: Präsentatiounen an Diskussiounen iwwer d'Fundamenter vun Emotiounen, Regulatioun a Wuelbefannen. Dëst beinhalt och d'Erklärung vu neurowessenschaftlechen a psychologesche Konzepter betreffend d´Emotiounen.
  • Praktesch Übungen: Aktivitéiten, déi d'Participantë méi direkt involvéieren, wéi z.B. interaktiv Übungen, fir d’Léieren an d’Verstoe vun Emotiounen an deren Regulatioun ze förderen.
  • Gruppendiskussiounen: Ënnerstëtzen d’Participantë fir Iddien a Gedanken mateneen ze deelen, wat d’Verständnis a Reflexioun fördert.
  • Selbstreflektioun: Participantë ginn encouragéiert, hir Gedanken a Gefiller während der Formatioun festzehalen, fir méi déif Reflexioun ze erméiglechen.
  • Somatesch Techniken: Übungen, déi den Kapp-Kierper-Zesummenhang berücksichtegen, wéi z.B. Body Scan a Regulatiounsstechniken, fir d’Bewosstsinn an d’Regulatioun vum Nervensystem ze stäerken.
  • Partner- a Gruppaarbecht: D'Aarbecht a klenge Gruppen oder mat engem Partner fördert d'Zesummenaarbecht an d'Entwécklung vu sozialer Emotionaler Intelligenz.
  • Feedback an Diskussioun: Participantë kréien d'Méiglechkeet, Feedback ze ginn an ze kréien, wat d’Entwécklung vun der emotionaler Kompetenz ënnerstëtzt.

Formatrice Tessy BECKENE

Si vous souhaitez en savoir plus sur notre formatrice, cliquez sur le lien ci-dessous:  

https://www.formation.cjf.lu/tessy-beckene-4


Sessions and planning

  • 19.10.2026
  • Frühe Kindheit 0-4
  • Jugendclub 12+
  • Schulkind 4-12
  • Luxembourgeois / Lëtzebuergesch
  • OFR/873