⚠️ Attention : Merci de vous rendre dorénavant sur plattform.public.lu pour inscrire vos collaborateurs ENF et AEF aux formations.

A wa mir d'Froe vun de Kanner ëmmer géife fir eis wëssenschaftlech Experimenter wielen? D'Naturwëssenschafte spannend maachen



Contenus

Educateuren hunn d'Missioun, d'Léierprozesser vun de Kanner ze fërderen. Wéi kéint een dat besser maachen, wéi andeems een mat hiren Froen, Interessen a mat hirem Drang no Entdeckung ufänkt?

Dës partizipativ an aktiv Method erlaabt de Kanner, sech duerch wëssenschaftlech a technesch Experimenter un perséinlecher a spillereischer Experimentatioun ze bedeelegen, déi si iwwer d'Mauere vun hirer Schoul erausféiere kann.

Wärend dësem Formatiounskurs entdecken d'Professioneller, wéi een d'Interessen vun de Kanner un der wëssenschaftlecher Fuerschung ausnotzt an dës Dynamik duerch hir Haltung an Interaktiounen stimuléiert.

 

D'Entdeckung vum Beräich Wëssenschaft a Technologie fërdert hei d'Verbindung mat der Beweegung an dem Kierperbewosstsinn, dofir gëtt d'Participanten gebeten, Schong a Kleeder, déi dem Wieder entspriechen, e waasserdichte Këssen fir drop ze sëtzen an natierlech vill Enthusiasmus fir matzemaachen, matzebréngen.

 

 „Naturwëssenschafte bestinn doranner, datt een aus dem Staunen net méi eraus kennt.“ - Aristoteles 

Objectives

  • Entdeckt Är eege Motivatioun/Äert eegen Interesse fir d'Naturwëssenschaften an d'Technik
  • Gewënnt Selbstvertrauen am Plangen an Ëmsetze vu wëssenschaftlechen an techneschen Aktivitéite fir Kanner
  • Praktesch Iddie fir wëssenschaftlech an technesch Aktivitéiten entwéckelen
  • Entdeckt, wéi een d'Interessen an d'Froe vun de Kanner a wëssenschaftlech Experimenter ëmsetze kann

Méthodes

  • Theoreteschen Input + Diskussioun
  • Praktesch Ëmsetzung, och dobaussen an der Natur
  • Dynameschen Austausch vun Erfarungen
  • Zesummebréngen vun enger Diversitéit vun Iddie fir Aktivitéiten a Projeten

Formatrice: Nadine FRISING




Sessions and planning

  • 01.12.2026
  • Frühe Kindheit 0-4
  • Schulkind 4-12
  • Luxembourgeois / Lëtzebuergesch
  • OFR/902